concours_affiche_400

Open Air Ausstellung "Réfugiés"

Am Kader vun der 5. Internationale Biennale des sozial-politischen Posters huet den Musée de la Résistance Mëtt Februar e Concours, wou Affichen zum Thema "Réfugiés" sollte krééiert gin, lancéiert.

Ab dem 20. Mee 2016 zu Esch-Uelzecht op der Place de la Résistance gin d'Wierker vun de Gewënner gewissen. Et handelt sech also em eng Zort Open Air Ausstellung. D'Wierker sin zu all Zäit public. Dës Ausstellung kann een bis de 9. Oktober 2016 sech ukucken goën.

D'Wierker goufen enner aanerem vun Schüler, vu Konschtbegeeschterten an awer och vun Leit, déi selwer hu missten flüchten réaliséiert.

Dëse Projet gouf vum Musée de la Résistance an Zesummenaarbecht mat der ASTI (Association de Soutien aux Travailleurs Immigrés) a mam OLAI (Office Luxembourgeois de l'Accueil et de l'Intégration) op d'Been gestallt.

Méi Informatiounen