Photo2

#World Refugee Day

Am Kader vum Weltflüchtlingsdag huet d' Catch a Smile a.s.bl. e kloert Zeeche fir eng mënschlech an eng solidaresch Flüchtlingspolitik gesaat.

De 20. Juni 2016 konnt een zu Schengen un der Initiativ deelhuelen, déi ënnert anerem vun der ASTI, vun der Ligue des Droits de l'Homme a vu Young Caritas ënnerstëtzt gouf.

De Startpunkt war um 18h00 virum Musée "Ënnert de Lannen", wou sech d'Leit zesumme fonnt hun, fir hire Respekt géint iwwer de Flüchtlingen auszedrécken.

Um 19h00 goufe Pabeierschëffer, déi vun der lokaler Maison Relais a Grondschoul kreéiert goufen, als symboleschen Akt an d'Waasser gelooss, éier dann um 20h00 am Stëllen un all Mënsch geduecht gouf, dee säi Liewen op der Flucht verluer huet.

Méi Informatiounen