Affiche Hate (Publi) HD2

Festival Hate

Fir di éischte Kéier huet neimënster e Festival organiséiert, bei deem sech alles em d'Thema Hate Speech gedréit huet.
Et gouf domat e Phänomen opgegraff, wat am Moment net nëmme bei deene Jonken, mee och bei ganz villen anere Leit eng Roll spillt.

Vum 1. bis de 5. September 2016 gouff am Centre Culturel de Rencontre Abbaye de Neumünster en ofwiesslungsräiche Programm zu dësem Sujet ugebueden.

Nieft engem Danzoptrëtt (A Separation), engem Theaterstéck (Hate Radio) an enger One-Man-Performance (Hate Fuck, but sweet?), stung och eng Table Ronde mat Vertrieder aus de Beräicher Kultur, Politik a Medien um Programm.



Méi Informatiounen