Invitation JourneeRespect 2016_0

Offizielle Launch vum No Hate Speech Movement

De Lancement vun der No Hate Speech Campagne war e volle Succès!


Am Kader vun der Journée „Respect“ den 8. Oktober 2016 gouf d’Initiativ, ënnert der Presence vun der Madame Anne Brasseur, Ambassadrice vum No Hate Speech Movement, am Nomëtteg lancéiert. Dësen Dag stoung ganz am Zeeche vum Respekt.

Op Initiativ vun der Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse an Zesummenaarbecht mam Service National de la Jeunesse krut een d’Geleeënheet fir sech en Abléck an innovativ Projet’en ze verschaffen, di Best Practice Beispiller zum Thema Respekt duerstellen. Doriwwer eraus konnt een sech nomëttes un interessanten Atelier’en bedeelegen, di engem derbäi gehollef hunn, wéi een eemol selwer als Organisatioun oder och einfach als Grupp vu Jonken esou ee Projet op d’Been stelle kann. De Lancement vun engem Appel à Projets duerch d'Oeuvre soll den Engagéierte fir hier Projet'en déi néideg Ënnerstëtzung bidden.

Dësen Appel à Projets fannt dir ab elo ënnert
www.oeuvre.lu/soutien/appels-a-projets/appel-a-projets-respect




Fotoen vum Sven Becker.