201610 Invitation-1

Je me souviens - Passeurs de Mémoire & Témoins de la 2e génération



De Musée de la Résistance invitéiert op seng Ausstellung, déi de 15.10. um 11h00 hier Dieren opmécht.

Dës Expo baut op enger Installatioun vum Olivier Bouton op. Et kann een eng grouss Vilfalt vu Wierker betruechten: Informationstableau'en, Zeechnunge vun enger jonker Kënschtlerin an zu engem groussen Deel och Aussoen a Fotoe vu Schüler, déi an der Vergaangenheet zesumme mat der Témoins de la 2ème Génération asbl de Konzentratiounslager vu Auschwitz besicht hunn an hei mat där Ausstellung eng Plattform kritt hunn, fir sech iwwert dat Erlieften auszedrécken. An deem Kader gouf och mam Uelzechtkanal vum Lycée de Garçons d'Esch-sur-Alzette zesumme geschafft.

D'Ausstellung ass op vum 15. Oktober 2016 bis den 25. Juni 2017 .
D'Ëffnungszäite vum Musée sinn vu Dënschdes bis Sonndes tëschent 14h00 an 18h00.

Den Entrée ass gratis.