bee secure share respect

Déi nei Campagne vu BEE SECURE: Share Respect

Déi nei Campagne vu BEE SECURE steet ganz am Zeechen vum No Hate Speech Movement.
Ënnert dem Titel "Share Respect - Stop Online Hate Speech" gëtt versicht, Kanner a Jugendlecher an awer och Elteren a Betreier, ze erklären, wat iwwerhaapt Hate Speech ass. Doriwwer eraus gi mat der Campagne awer och Weeër gewisen, wéi een net nëmmen op Hate Speech Kommentaren am Internet reagéiere kann, mee och wéi een sech scho präventiv kann dorop virbereeden. De Respekt steet am Mëttelpunkt vu dëser Campagne: duerch dës positiv Approche soll eng respektvoll Kommunikatiounskultur an de sozialen Netzwierker gefërdert ginn.

En éischten Optrëtt vun der Campagne war Ufank Oktober um On Stéitsch Festival. Mat derbäi war de Panda mam Einhornhoodie, dee sech Zäit geholl huet, fir sech zesumme mat de Leit zum Respekt ze bekennen.

Méi Informatiounen zu der Campagne fannt dir hei




Fotoen vum Tammy Schuh.

On_Stéitsch (26 of 28) On_Stéitsch (10 of 28) photo2