newstemoin

20. Pädagogesch Visite op Auschwitz

D'Association sans but lucratif Témoins de la 2ème Génération huet dëst Joer déi insgesamt 20. Rees op Auschwitz vu 2e a 1ère respektiv vu 12e an 13e Schüler organiséiert.

Vum 27. Oktober bis den 1. November sinn eng Ronn 120 Schüler zesumme mat Enseignant'en a mat Comitésmembere vun der Asbl a Polen gefuer. Säit der alleréischter Rees ginn d'Schüler dobäi vun Zäitzeie begleet, déi selwer während der NS Zäit zu Auschwitz festgehale goufen a de Schüler vu hiren deemolegen Erfahrunge berichte kennen.

Am Mëttelpunkt vun dëser Rees steet nieft der Visite vun den eenzele Lageren (Stammlager a Birkenau) awer virun allem den Ëmgang mat de gräisslechen Doten, déi op dëser Platz geschitt sinn. Weiderhi sollen d'Affer vu dësen Doten am Kader vun der Rees honoréiert ginn, fir datt och si net vergiess ginn.

Méi Informatiounen an Andréck iwwert dës Rees fannt dir ënnert anerem op hirem Facebook.