newskonvent2

Jugendkonvent 2016

D'CGJL huet Freides, den 18. November 2016 op hire Jugendkonvent an d'Chambre des Députés agelueden.

Dëst Joer stoung de Jugendkonvent ënnert dem Thema "Integratioun/Diskriminatioun. Déi zwou Säite vun der Medaille". An deem Kader hunn sech 130 Jonker zesummefonnt fir a 5 Atelier'en hier Pläng an hier Conclusioun'en auszeschaffen, déi si nomëttes zesumme mat eenzele Politiker (e.a. de Chamberpresident Mars di Bartolomeo an d'Ambassadrice vun der No Hate Speech Campagne, Anne Brasseur) an enger grousser Plenarsitzung presentéiert an diskutéiert hunn.

Et kann een sech déi ganz Debatt nach eng Kéier um Site vun der Chambre des Députés ukucken.

Impressioune vum Jugendkonvent fënnt een hei.