DSC_0950

Safer Internet Day 2017

BEE SECURE huet dëst Joer am Kader vum Safer Internet Day 2017, de 7. Februar 2017, eng ganz Rei Aktiounen em de Sujet Hate Speech organiséiert.

Um Dag selwer war d' Ekipp vu BEE SECURE mam Panda vun der "Share Respect - Stop Online Hate Speech" Campagne an der Stad Lëtzebuerg an Eméigend ennerwee. Op sénger Reess huet de Panda net nemmen wichteg Partner vu BEE SECURE besicht. E war och ennert aanerem um Campus Geesseknäppchen fir sech zesummen mat de Schüler fir de Respekt am Internet ze bekennen. Dann haat en awer och fun der Geleegenheet profitéiert fir nomëttes d'Députéiert bei der Chambre ze besichen fir hinnen och nach eng Kéier de wichtege Message vum géigensäitege Respekt am Internet mat op de Wee ze gin. D'Ambassadrice vun der Campagne, d'Madame Anne Brasseur, huet sech et och net zweemol bieden gelooss fir sech zesummen mam Panda fir de Respekt a géint den Haass ze bekennen.

Méi Informatiounen an weider flott Andréck zum Safer Internet Day 2017 fannt dir um Site vu BEE SECURE.