IMG_2898

Hate Speech vs. Liberté d'expression

Am Kader vun der No Hate Speech Campagne war den 9. Februar eng Formatioun fir de soziale Secteur vu Lëtzebuerg.

Fir déi Leit, déi drun deel geholl hunn, war et eng Méiglechkeet sech mat der Fro auserneen ze setzen, wou dann elo d'Limitt tëschent der Liberté d'expression, also der Fräiheet, di eege Meenung kennen auszedrécken, an dem Hate Speech läit.

De Fin Mot fun dëser Formatioun ass sécherlech gewiescht, datt et grondsätzlech schwéier ass, dës Linn kloer ze zeechnen: et gëtt hei zu Lëtzebuerg e juristesche Kader, deen den Discours de Haine, wéi et an den Artikelen heescht kloer emrummt. Sou wäit sou gutt. Mee et ginn awer ganz dacks nach aner Mëttele fir Haass géintiwwer verschiddene Mënschegruppen am Internet ze verbreeden. Mëttelen, déi net als illegal ugesi ginn.
Wat kann een do maachen?

Des Problematik gouf an der Formatioun opgegraff, fir ze weisen, datt déi Linn dann op eemol och eng ganz subjektiv Linn ka ginn, déi vu Mënsch zu Mënsch anescht ass. Fir dëst ze illustréieren, gouf op eng Aktivitéit aus dem Bookmarks zréckgegraff, wat de Leit, di matgemaach hunn, och ganz gutt gefall huet.