Pic1

Journée de la Mémoire

Den 27. Januar 2017 war d'Journée de la Mémoire de l'Holocauste et de la prévention des crimes contre l'humanité.

Den Zentrum fir Politesch Bildung huet an der Woch em deen Dag sech d'Missioun gi fir Enseignant'en a Schüler aus dem Enseignement Secondaire a Technique iwwer d'Gefore vun Intoleranz, rassisteschem Haass an Onwessen ze informéieren. Mat Hëllef vum Asaz vum Filmmedium sinn di Jonk an hier Begleeder ënner anerem dorop opmierksam gemaach ginn, wat Klischeeën a Stereotyppe fir en Afloss op e Bild vun enger Gesellschaft kennen hunn a wéi een sech ka fir en staarke gesellschaftlechen Zesummenhalt asetzen.

Nieft enger Formatioun fir Enseignant'en goufe während véier Deeg Filmmatinéë fir Schoulklassen organiséiert. Dobäi krut den Zentrum fir Politesch Bildung d'Ënnerstëtzung vum CNA a vu verschiddene lokalen a regionale Kinoen.

Méi Informatioune fënnt een um Site vun der Journée de la Mémoire.