AfficheNHS100B_A1.indd

Soirée 100 Lieweg Bicher

Sonndes, de 2. Abrëll war an der Cinemathèque an der Stad d'Ofschlossséance vum Videoconcours 100 Lieweg Bicher


Eng ronn 60 Leit haten sech am spéiden Nomëtten am grousse Sall vum städtesche Kino erëm fonnt fir sech d'Video'en unzekucken, déi vun de jonke Leit eragereecht goufen.
Nodeems déi 10 Video'en gewise goufen, konnten d'Leit och scho fir hier 2 Favoritten ofstëmmen. Folgend Filmer konnten sech op deenen éischte Platze platzéieren:

  • 1. Platz: Prinzessin vun der Junior Branch vum CISV
  • 2. Platz: Clochard vun zwee Jonken, déi e.a. och fir den Uelzechtkanal aktiv sinn.
  • 3. Platz: Éischt Hëllef vun engem 22 Joer aale Jonken, deen duerch Médiacteur/Streetwork an Centre de Rencontre pour Jeunes Amigo ASTI um Concours deelgeholl huet.


  • Am Uschloss gouf nach de Documentaire "Blind Spot" aus dem Joer 2015 gewisen. Dësen handelt vun enger Rei Leit, déi zu Lëtzebuerg op der Strooss liewen. Si erziele ganz oppen, wéi hire Alldag ausgesäit, wéi se op der Strooss gelant sinn a mat wat fir Problemer an och Viruerteeler si konfrontéiert ginn.

    Dësen kann een sech hei ukucken.

    E grousse Merci un jiddereen, deen um Concours deelgeholl huet a matgehollef huet, datt dës Soirée konnt realiséiert ginn.

    De Projet "100 Lieweg Bicher" huet e Suivi: et kënne weiderhin Temoignagë vu Persounen eragereecht ginn. Méi Informatiounen doriwwer fannt dir um Site vun de 100 Lieweg Bicher.