2017-03-28 17.35.55

Creative Streets Jam

Den 28. Mäerz 2017 haten Urbano Limits a Spray Peace, am Kader vun hirem Projet Creative Streets, zwou ëffentlech Jam Sessions mat live Musek an engem Cellograffiti Workshop.

Den éischten Deel huet Moies an der Staat Lëtzebuerg stattfonnt a Mëttes ass et dann zu Esch Uelzecht weidergaangen. Passanten hunn geleiert wéi ee sprayt an hunn dann zu engem kollektive Konschtwierk bäigedroen.

De Projet Creative Streets ass en Echange vu jonke Museker a Kënschtler, déi eng Woch laang zu Lëtzebuerg Workshops geleet hunn.

Dëse Projet stoung ënnert dem Label “No Hate Speech” a gouf vun der Oeuvre Nationale de Secours Grand Duchesse Charlotte ënnerstëtzt.