wecan

WE CAN! Taking Action against Hate Speech through Counter and Alternative Narratives

Combating hate speech offline and online: en neien Tool fir jonke Leit an Erzéier derbäi ze hëllefen, fir op rassistesch an aaner diskriminéierend Message am Internet ze réagéieren.

Online Hate Speech ass aktuell eng grouss Bedrohung fir eenzel Menschenrëchter, mat net ze ennerschätzende, a deels tragesche Konsequenzen, souwuel online wéi och offline.
Hate Speech Kommentaren dierfen net einfach sou do stoe bleiwen; zemools a Kombinatioun mat verbreetene Falschinformatiounen iwwer bestëmmte Mënschegruppe kennen dës bedeitende Afloss op Mënschebiller vu eenzele Leit an och Gruppen huelen. Sou huelen des Narrativer oft ganz iwwerzeegend a logesch wierkend Formen un, sou datt et fir vill Leit schwéier ass, anzeschätzen, wat d'Konnotatioun dovunner ass.

Dëse Guide bitt elo eng edukativ Approche un, déi vu Leit aus dem soziale Jugendsecteur kenne benotzt ginn, fir gemeinsam mat de Jonken d'Form vu dësen Hate Speech Narrative opzeschaffen a Mesure ze fannen, wéi een dorop ka reagéieren.

De Conseil de l'Europe huet dës Publikatioun 2017 am Kader vun der No Hate Speech Campagne verëffentlecht. Se ass souzesoen de Nofolger vum Bookmarks.