5

Ensemble pour le No Hate Speech

De FNEL Scoutsgrupp vun Diddeleng, d'Peaux Rouges hun zesummen mat der Fondatioun Kräizbierg gekuckt, wat ee kéint fir de gemeinsame Respekt a géint den Haass maachen.

Erauskomm ass eng super Saach, wéi d'Biller hei einfach weisen. Am Mäerz schon hun sech d'Scouten an d'Explorer vum Scoutsgrupp an eng Ekipp vun der Fondatioun Kräizbierg eng éischte Kéier gesinn. D'Scouten hun de Membere vun der Fondatioun Kräizbierg eng Visite Guidée duerch hire Scoutshome gemaach, ier se dunn all zesummen e puer Kennenléierspiller gemaach hun.

Ma och déi méi kleng, d'Beavere vun de Peaux Rouges hun sech am Mee mat Leit vun der Fondatioun Kräizbierg getraff fir gemeinsam T-Shirte ze molen. Wéi déi Responsabel vun de Peaux Rouges sot, war et en super Nomëtten. Souwuel d'Kanner wéi och d'Leit vun der Fondatioun hätten sech super amuséiert an sech super ënnertenee verstanen.

D'Wëllefcher hun sech awer och kuerz drop mat engem Grupp vun der Fondatioun getraff. Och hei ass et drëms gaangen, sech eegen T-Shirten ze gestalten. Dat gemeinsamt Schaffen huet jidderengem d'Chance ginn, sech géigesäiteg kennenzeléieren.
De groussen Ofschloss war sécherlech d'Bréckenfest. Déi eenzel Scoutsgruppen hun zesumme mat den Elteren d'Fondatioun besicht. Sur place hat jiddereen d'Méiglechkeet un organiséierte Spiller deelzehuelen oder sech och mol einfach e Bild ze maachen, wat d'Fondatioun Kräizbierg alles mécht.

De ganze Projet war also e grousse Succès. En huet deenen, déi matgemaach hun, et erméiglecht ze gesinn, datt mer, egalwéi mer sinn, ganz vill mam géigeniwwer gemeinsam hun an datt een dowéinst net soll fäerte fir de Kontakt no bausse mat Leit ze sichen.