CB_spirituel_Feier_NoHate_20170723094641

GO| Take Action!

GO|URBAN SAYS YES TO THE NO HATE SPEECH CAMPAIGN

Dëst war d'Iwwerschrëft vun enger méi gréisser Aktioun, di am Kader vun der No Hate Speech Campagne stattfonnt huet.

um 18. bis de 28. Juli 2017 wor um Kierchbierg de groussen internationale Scoutscamp GO|URBAN, organiséiert vun den Lëtzebuerger Guiden a Scouten.

Ënnert der Präsenz vum Anne Brasseur, Ambassadrice vun der No Hate Speech Campagne a vun eisem Premierminister, Xavier Bettel hun sech d'Scouten um Camp Sonndes Moies, de 23 Juli, bei der grousser Bühn getraff fir sech gemeinsam géint den Haass a fir méi Respekt an eiser Welt ze bekennen.

Déi engagéiert Scoute konnten op dëser Bühn hier Message géint den Haass presentéieren: op Video'en, Banneren oder Gesang. Op des Aart a Weis ass e ganz gelongene Moment entstanen, deen d'Scouten, di aus alle Deeler vu eiser Welt bis op de Kierchbierg komm sinn, sécherlech genoss hun an och als ee vu de Highlighte vum Camp wäerten an Erënnerung halen.

E grousse Merci un all Mënsch, deen dës Aktioun mat virbereet, duerchgefouert an nobereed huet.

Hei puer Andréck vun deser Aktioun.

Copyright: LGS