201703 Invitation We_have_seen VERNISSAGE

We Have Seen

EXPOSITION: WE HAVE SEEN!

Säit Mëtt Mee steet zu Esch-Uelzecht eng Ausstellung virum Musée de la Résistance , déi d'Aarbecht vun Catch a Smile asbl, nämlech d'Ënnerstëtzung vu Flüchtlingen, dëst besonnesch a Griicheland weist. D'Ausstellung soll de Visiteuren d'Erliefnisser vu de Fräiwëllege méi no bréngen.

"Et ass genau dat wat d‘Mënschen op hire villen Etappe vun de private Volontäre kréien. Nieft Kleeder, Iessen a Gedrénks ass et ebe virun allem e “Laachen“ dat dëse Mënsche gutt deet. E klenge Geste vu Mënschlechkeet deen näischt kascht, awer enorm wäertvoll ass.".

Genau dëst versicht d'Ekipp ze maachen. Dobäi ginn se ënnerstëtzt duerch di immens vill Spenden, déi d'Zivilgesellschaft fir d'Aarbecht vun der Organisatioun a leschter Zäit opbruecht huet.

Grousse Respekt fir déi gutt an ausseruerdentlech wichteg Aarbecht!



Dëst ass eng Zesummenaarbecht vum Musée de la Résistance, dem Zentrum fir Politesch Bildung an der Catch a Smile asbl.