Foto

Netiquette

Déi éischt gemeinsam Netiquette fir d'lëtzebuergesch Presselandschaft

BEE SECURE an Zesummenaarbecht mam Conseil de Presse hun sech iwwert déi lescht Méint zesumme gesat fir un enger gemeinsamer Charte de Bonne Conduite fir online Kommunikatiounsportaler ze schaffen. Duerch den Unstiig vun Hate Speech am Internet ass op alle Säiten de Besoin erkannt ginn, datt een de Notzer vu dësen Déngschter kloer Richtlinne presentéiert, wat als tolerabel ugesi gëtt a wéini ee juristesch gesinn, d'Grenz vun der Liberté d'expression iwwerschreit.

Op dës Aart a Weis ass e flotten Tool entstanen, deen och elo vu de grousse lëtzebuergesche Medienhaiser fir hier online Präsenze benotzt gëtt. Doriwwer eraus huet dës Netiquette och e symbolesche Charakter: en Zeeche vu Solidaritéit an der lëtzebuergescher Presselandschaft an d'Striewen no enger méi respektvoller Kommunikatiounskultur am Internet.

Méi Informatiounen fannt dir op der Säit vun der Netiquette