Als Grupp vu Jonken oder Organisatioun?

I. Eng eegen Idee fir e Projet

Fir den No Hate Speech Movement aktiv ze ënnerstëtzen, hutt dir d'Méiglechkeet als Grupp vu Jonken oder als Organisatioun, en Projet eranzereechen, deen sech mat der Thematik vun der Campagne beschäftegt.

Wann Äre Projet vum nationale Comité zréckbehale gëtt, ass Äre Projet an der offizieller Lëscht vun der No Hate Speech Initiativ opgelëscht. Bei der Realiséierung vun Ärem Projet kënnt Dir vum Service National de la Jeunesse (als Coordinateur vun der Campagne) a vu senge Partner ënnerstëtzt ginn.

Reecht ganz einfach dësen Formulaire* bei eis eran.
*ausfëllbar op lëtzebuergesch, däitsch oder franséisch

D'Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte ennerstëtzt d'Campagne bis den 12. Mee 2017 mam Appel à Projets "Respect". Hei kënnt dir bis zu 5000€ un finanzieller Ennerstëtzung kréien. Fir méi Informatiounen kennt dir einfach hei klicken.
II. Member vum nationale Comité gin

Als Organisatioun oder Associatioun hutt Dir d'Méiglechkeet, d' No Hate Speech Initiativ aktiv mat ze gestalten. De Comité trëfft sech ronn 2x am Joer an begleet d'Evolutioun vun der Campagne.

Fir formelle Member vum nationale Comité ze ginn, riicht einfach ee Message un den nationale Coordinateur vum Movement an deelt him Äere Wonsch mat.

Individuell d'Initiativ ënnerstëtzen!

I. Maach mat bei den 100 Lieweg Bicher

Am Kader vun der No Hate Speech Initiativ gouf am Summer 2016 ee Videoconcours mam Zil lancéiert, eng lieweg online Librairie ze schafe mat Temoignagë vu Persounen, déi an hirem Alldag mat Viruerteeler, Stereotyppen a sozialer Exklusioun ze kämpfen hunn.

Jonker tëschent 12 a 30 Joer, déi sech fir de Medium vum Film interesséieren konnten sech mat hirer 100 Sekonnen laanger Eegerealisatioun, déi als Sujet esou e Temoignage huet, um Concours bedeelegen. Dës Actioun huet awer nach en Suivi.

MÉI INFORMATIOUNEN
II. Hate Speech mellen


Wann Dir an engem sozialen Netzwierk Hate Speech gesitt, déi ganz kloer als Zil huet en anere Mënsch oder ee Grupp vu Mënschen ze diskriminéieren, da kënnt Dir dat iwwert d'BEE SECURE Stopline anonym mellen.

Méi Informatiounen iwwert d'BEE SECURE Stopline fannt dir och an eisem Ressourcekatalog.


III. Bekenn dech zum No Hate Speech Movement

Du kanns de Message vun der Campagne mat verdeelen andeems de déng Iwwerzeegung dénge Matmënsche géigeniwwer weis.

Du kanns entweder de Logo vun der Initiativ an däi Profilbild op de soziale Netzwierker setzen oder an déng E-Mail Signature integréieren.

Du kanns d'Campagne och ënnerstëtzen, andeems de de physesche Badge vum No Hate Speech Movement dréis. Dës Badgë kann een sech iwwert de Kontaktformular ufroë loosen.