Ënner Hate Speech gëtt all Ausdrocksweis ugesinn, déi zu rassisteschem, xenophobem, homophobem, reliéisem, kulturellem oder sexisteschem Haass ustëppelt. Duerch esou Ausdrocksweise ginn eenzel Mënschen oder Mënschegruppe beleidegt, diskriminéiert an an den Eck gedréckt.

All forms of expression which spread, incite, promote or justify racial hatred, xenophiobia, antisemitism or other forms of hatred based on intolerance, including: intolerance expressed by aggressive nationalism and ehtnocentrism, discrimination and hostility against minorities, migrants and people of immigrant origin.

Commitee of Ministers of the Council of Europe



Hate Speech ass hautdesdaags net nëmmen an de Stroossen an am direkte Mateneen, mee och hannert de Bildschiermer, an der Anonymitéit ze fannen.

Dës Campagne gouf ursprénglech vum Conseil de l'Europe 2013 an d'Liewe geruff. Méi wéi 40 Länner a ganz Europa bedeelegen sech mëttlerweil drun. Fir ze wëssen, wéi eng Länner sech nach drun bedeelegen, kënnt dir op de Site vum Conseil de l'Europe goen.


Emfro vum Youth Department vum Conseil de l'Europe vun 2015.
83%

Undeel vun der Bevölkerung, déi online schon op Hate Speech getraff sin

Hate Speech gëtt bedriwwen wéinst:

  • Zougehéieregkeet oder Net-Zougehéieregkeet zu enger Ethnie
  • Geschlecht
  • Sexuell Orientéierung
  • Relioun oder Iwwerzeegungen
  • Handicap
  • Alter
Quell: Centre pour l'Egalité de Traitement

Wat sin d'Ziler?

Mënscherechter

Souwuel offline wéi och online sollen d'Rechter vun all Mënsch geschützt a gestäerkt ginn.

Präventioun an Reaktioun

Méiglechkeeten opweisen, fir géint Hate Speech virzebeugen an dorop reagéieren ze kennen.

Bottom Up

D'Zivilgesellschaft a virun allem jonk Leit, encouragéieren, aktiv un der Beweegung deelzehuelen.

Solidaritéit

Den Opfer vu Hate Speech bäistoen, fir ze weisen, datt se net alleng do stinn.

Enn Januar hunn eng ronn 25 Organisatiounen an Associatiounen aus dem lëtzebuergesche Jugendsecteur sech fir en Austausch iwwert d' No Hate Speech Initiativ zesumme fonnt a sech bereet erklärt, d'Campagne um nationale Niveau matzedroen.

Wéi kann ech oder meng Organisatioun matmaachen?